Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

Astronauts, Etc. - Living In Symbol

Aus den USA koum iwwer de Weekend d'Nouvelle, datt d'NASA mat SpaceX en neie Programm an Astronaute virgestallt huet, déi vum nächste Joer un an de Weltraum solle geschoss ginn. Passend dozou liwwert elo d'Band, de Projet Astronauts, Etc. deen eventuell passende Soundtrack dozou. Den Tom Dockal stellt op alle Fall den Album "Living in Symbol" als Album vun dëser neier Woch vir.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen