Buch-Tipp fir de Summer

Summer, Congé, Vakanz ... Momenter, wou een Zäit a Loscht huet, an e flotte Roman eranzedauchen. Mä wat soll ee liesen? Dacks kléngen d'Beschreiwunge ganz villverspriechend, fir sech duerno als langweileg, gehaltlos an zäitverschwenderesch z'entlarven.

D'Valerija Berdi liest sech duerch vill nei Publikatiounen. Déi Bescht stellt si vir. Literatur aus aller Welt ass vertrueden.

Zbigniew Mantzel - Alle Sprachen dieser Welt

Een Dag am Liewen vum Zbigniew Hintz fänkt mam Erwächen no engem Cauchemar un. En Dag, un deem hie sech u seng Vergaangenheet erënnert, u seng Kandheet, seng Elteren an un all dat villt Laanschtenee-Schwätzen. "Alle Sprachen dieser Welt" vum polneschen Auteur Zbigniew Mentel ass dem Valerija Berdi säi Buchtipp fir de Summer.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Leipziger Buchmesse 2019

    D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren dëst Joer fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse. All hier Artikelen a Bäitrag zum Thema fannt Dir hei.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche pour ses rédactions un(e) journaliste

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen