KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

Gottfried von Einem (Foto mit freundlicher Genehmigung der Gottfried von Einem Musik-Privatstiftung)

Gottfried von Einem (1918-1996)

De Gottfried von Einem ass schwéier ze beschreiwen: op där enger Säit war hien e sensibele Mënsch, dee sech dacks zeréckgezunn huet, op där anerer Säit huet hie gäre provozéiert. Als zäitgenëssesche Komponist huet hien un alen Traditioune festgehalen an trotz dem héije soziale Status vu sengen Elteren, hat hie keng schéi Kandheet.

De Luc Boentges huet e Portrait iwwer de Komponist Gottfried von Einem zesummegestallt.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen