Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Politik a sozial Gerechtegkeet zu Lëtzebuerg

D'Chèques services-accueil (CSA) hunn, dem STATEC no, e positiven Impakt op den Aarmutsrisiko hei am Land. Den Aarmutsrisiko vu Stéit mat Kanner géif ëm ee bis zwee Prozentpunkte falen, den Aarmutsrisiko just vu Kanner géif mat de Chèques services souguer ëm fënnef bis sechs Prozentpunkten erofgoen. De STATEC huet d'Period 2013 bis 2016 a Betruecht gezunn. "De Problem gëtt heimat net fundamental geännert", sot de Robert Urbé (Caritas) am Gespréich mam Michel Delage.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen