Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Bilan Hëtzt

Duerch d'Hëtzt wiere leschte Weekend d'Hospitalisatiounen an d'Visitten an den Urgencen eropgaangen - dat seet de Chef vun der Inspection Sanitaire Pierre Weicherding am 100,7-Interview. D'Spideeler géifen dem Gesondheetsministère mellen, wa Leit wéinst Symptomer, déi mat der Hëtzt ze dinn hunn, behandelt ginn. Duerch d'Hëtzt kennen awer net nëmme Mënschen, mee och Déiere krank ginn. D'Fanny Kinsch informéiert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Weltfraendag 2019

    1911 gouf et den éischte Weltfraendag, zanter 1921 gëtt en den 8. Mäerz gefeiert. A méi wéi 25 Länner, déi meescht dovunner an Asien an Afrika, ass et mëttlerweil e gesetzleche Feierdag.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen