Classic Moment

Insolites a Gelungenes, Onbekanntes an Neies. Interessantes a Wëssenswäertes aus der Welt vun der klassescher Musek. D’Aktualitéit heiheem an am noe Grenzgebitt.

Di geklaute "Ferdinando Gagliano" Gei

Déi deier, geklaute Gei ass nees opgetaucht

Op d'New York Times, Le Figaro, oder sëllechen online Zeitungen, all hu se vun der geklaute Gagliano Gei geschriwwen. Dëst Instrument vu 1759 gouf zu Somerville an der Residenz vun enger Koppel geklaut an ass elo zu Boston an engem Pfandhaus erëmfonnt ginn. Mee wéi kann dat sinn, dat eng Gei vun 250.000 $ an engem Pfandhaus nach just 50 $ wäert ass.

Detailer iwwer dës Geschicht mam Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen