Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Yin a Yang | Feier a Waasser | Arthur Unger

Säi Beruff hat den Arthur Unger (1932) Mëtt den 1950er Joren op den afrikanesche Kontinent, an de Belsche Congo, verschloen. 1960 kënnt hie zeréck an Europa, wou hie sech spéider berufflech zu Paräis installéiert. Hei gëtt de Konschtintresséierte mam artistesche Milieu konfrontéiert, et ass och do wou hie seng éischt Zeechnungen a Gouachen an Encres de Chine realiséiert. Zeréck zu Lëtzebuerg 1968 entwéckelt den Arthur Unger e Procedé fir op elektrolytesche Koffer ze zeechnen, hien nennt dat Pyrochimiogrammen. Seng Renconter 1970 zu Paräis mam bekannte franséische Konschtkritiker Michel Tapié war decisiv fir seng Weiderentwécklung, souwuel am artistesche wéi och am deegleche Liewen. 

Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.

Arthur Unger © Carlo Link

Site vum Kënschtler: http://arthurunger.com

Dräi wichteg international Kontaktpersoune vum Arthur Unger (Ante Glibota, Michel Tapié an Fernando Arrabal)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen