Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

De Bilan vum Wirtschaftsministère

"Et ass der Lëtzebuerger Wirtschaft nach ni esou gutt gaangen, wéi elo". Dat war de Bilan vum LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider leschte Freideg op enger Pressekonferenz. Et hätt ee fir Wuesstem an der Wirtschaft suerge kënnen, an dat trotz negative Prognosen, wéi d'Regierung Enn 2013 ugetrueden ass. Fir d'Wirtschaft ze fërderen, misst ee se op méi breet Schëlleren opbauen a méi Secteuren an de Mëttelpunkt stellen. De Claude Biver huet d'Detailer, wourop de Staat sech an Zukunft wëllt fokusséieren.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen