Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

"Judeum Epternacum" Trifolion Iechternach

Déi éischt Iechternacher Festspiller vun 1935

Vum 30. Juni bis de 25. August 1935 waren am Haff vun der Abtei déi éischt Iechternacher Festspiller. D'Initiativ goung vun der Komödie aus, eng 1934 gegrënnten Theatergrupp vu jüddeschen Emigranten. Besonnesch groussen Erfolleg haten Theaterstécker "Jedermann" vum Hugo von Hoffmansthal, "Faust I" vum Johann Wolfgang von Goethe, mee och "Grieselinde" vum Nikolaus Welter.

De Virtrag vun der Germaine Goetzinger handelt vum Versuch, Iechternach zu enger Festspillstad wéi Salzburg ze maachen, beschreift awer och dat trauregt Enn vun engem hoffnungsvolle Projet. Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.

© Willy Speicher - Germaine Goetzinger, den 29. Mee am Trifolion 

Reportage vum Evy Friedrich iwwert Opféierung "Jedermann" vum Hofmannsthals  duerch den Exilensemble "Die Komödie" bei den Iechternacher Festspiller. (A-Z vum 28.7.1935)

Privatexemplar vum Evy Friedrich, "Jedermann" aus dem Fischer-Verlag, Editioun 1929 mat den Ënnerschrëften vu Walter Jacob an Walter Eberhard, an ënner anerem de Schauspiller Georg Braun, Elisabeth Eschbaum, Olga Irén Fröhlich, Ernst Hartmann, Else Pircher a Walter Sofka. (Fonds Evy Friedrich CNL L-166; IV.2-1)

© Willy Speicher - Musikalesch gouf de Virtrag vum Cellist André Mergenthaler begleet. En Extrait kann een zu Schluss vun der Emissioun, bei 54'38", an der Mediathéik lauschteren. 

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - Night, Light and More

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen