Classic Moment

Insolites a Gelungenes, Onbekanntes an Neies. Interessantes a Wëssenswäertes aus der Welt vun der klassescher Musek. D’Aktualitéit heiheem an am noe Grenzgebitt.

Daniel Barenboim & Divan Orchestra © ZDF Manuel Vaca

West-Eastern Divan Orchestra um 3SAT

Kann en Orchester fir de Fridde kämpfen? Sécherlech nëmme ganz schwéier, mee de West-Eastern Divan Orchestra probéiert, datt Museker aus der arabescher an aus der israelescher Kultur bei eneen ze brénge fir Musek ze maachen. Mee den Orchester huet sech och der Aufgab ugeholl, Differenzen auszediskutéieren.

Concert den Owend (18.8.2018) mam West-Eastern Divan Orchestra, ënner der Direktioun vum Daniel Barenboim, um 20:15 um TV-Kultursender 3SAT. Detailer mam Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen