Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

De Congé parental

Den 1. Dezember 2016 ass d'Reform vum Congé parental a Kraaft getrueden. Zil vun der Reform war et, den Eltere méi finanziell Moyenen a méi Flexibilitéit ze ginn. Am Februar huet de Familljeministère en éischte positive Bilan vun der Reform gezunn op Basis vun enger Ëmfro, déi d'Meenungsfuerschungsinstitut TNS Ilres gemaach hat. D'Fanny Kinsch huet bei jonken Elteren nogefrot, wéi si den neie Congé parental notzen a wat een nach verbessere kéint a sech ugekuckt, wéi eng Usätz d'Parteien an hire Wahlprogrammer proposéieren.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen