Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Den Éischte Weltkrich, haut nach gëfteg

Bis Enn 2018 ginn an der Groussregioun nach ënnerschiddlech Aktivitéite fir d'Commemoratioun vum Éischte Weltkrich organiséiert. An deem Kontext befaasst sech de Kënschtler François Martig mat enger méi ongewéinlecher Fro, an zwar d'Relatioun tëschent dësem éischten industrielle Krich, der Agrikultur an der Ëmwelt an der Géigend vu Verdun. Aus laange Recherchen ass den experimentelle Radio Documentaire "Le Son de la Guerre" entstanen, an deem de belsche Kënschtler investigative Journalismus an experimentell Musek zesummebréngt. En Dossier vum Charlotte Bruneau.

Rezent Emissiounen

  • "Keng Intrusioun"

    D'Chamber féiert d'Sécherheetslacunen op hirem Internetsite op eng "Intrusioun" zeréck. D'100,7-Journalisten erklären am Interview, wisou dat net stëmmt.

  • Antibiotike si keng Kamellen

    De Gesondheetsministère an de Landwirtschaftsministère hunn een Antibiotiken-Aktiounsplang fir d'Period 2018-2022 ausgeschafft.

  • Wéi geet et viru mat der SPD?

    An Däitschland kennt et zu enger neier Grousser Koalitioun. Mä déi hefteg Diskussiounen ronderëm déi Grouss Koalitioun hannerloossen e bleiwenden Androck bei der SPD.

  • Italien wielt

    An Italien gëtt gewielt. Eng Regierung mat der Bedeelegung vun der extrème Droite ass net ausgeschloss. Bréissel kuckt gespaant op Roum.

     

  • D'ABC vun der Logementsproblematik

    D'Logementspräisser klammen, mir hunn net genuch Wunnengen, ze vill Leit si Proprietairen. Mä wéi ass d'Logementsproblematik z'erklären?

  • Aarbechtszäitkonten

    D'CGFP wäert haut mam Minister fir Fonction Publique Dan Kersch iwwert den Akkord zu den Aarbechtszäitkonten diskutéieren.

  • Allgemengen Tiers payant nom Debat an der Chamber

    Mat iwwer 7.000 Ënnerschrëfte war d'Petitioun 922 eng vun den erfollegräichsten ëffentleche Petitioune bis elo.

  • Konfrontatioun mam EU-Parlament

    D'EU-Staats- a Regierungscheffen wëlle weider bestëmmen, wie Chef vun der Kommissioun gëtt. De Sträit mam EU-Parlament ass domadder virprogramméiert.

  • Iddie vum Nohaltegkeetsrot fir d'Parteien

    Eng eenheetlech Strategie, d'Kohärenz vun de Politiken an d'Ëmsetze vun den Engagementer, déi de Grand-Duché um internationale Plang mat ënnerschriwwen huet.

  • Buedem-Deponien: "Mir brauchen der dräimol méi"

    Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament véier Deponien, wou Camione Buedem vu Chantieren oflueden, an eidel erausfuere kënnen. Dat geet net duer, soen d'Entrepreneuren.

  • Fleegeversécherung: Wéi ass et mat de Courses-sorties?

    Gouf d'Hëllef bei den Akeef ofgeschaaft? Kënnt d'Fleegeversécherung nach dofir op? D'Prestatairen an de Sozialministère interpretéieren d'Gesetz net d'selwecht.

  • Realité virtuelle um Luxemburg City Filmfestival

    Nom Succès vum leschte Joer presentéiert de Casino Forum d'Art Contemporain nees während dem LuxFilmfest e Pavillon de Réalité virtuelle.

  • D'Satellittenindustrie am Wandel

    D'Analyste maache sech Suergen ëm d'Zukunft vum Lëtzebuerger Satellittebedreiwer SES. D'Industrie ass am Wandel, an och d'SES kënnt net laanscht dee Wandel. 

  • Ännerungen am Wahlgesetz

    Vun den nächste Chamberswahlen u soll ë. a. den Accès zur Bréifwahl méi einfach gemaacht ginn. En entspriechende Projet de loi ass geplangt.

  • Lëtzebuerg bei den Olympesche Wanterspiller

    Den 18 Joer jonke Mathieu Osch däerf haut de Lëtzebuerger Fändel an de Stadio vu Pyeongchang droen. Fir d'Olympesch Spiller wëllt hie säi Land stolz maachen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen