Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Am Belgrader Underground

Belgrad, an also seng 1,7 Milliounen Awunner, hate laang mat enger schlechter Reputatioun ze kämpfen. Wéinst der Roll vu Serbien während dem Balkan-Krich, mee einfach och wéinst hirer kommunistesch ugehauchter Architektur, war d'Haaptstad net wierklech en Touristemagnéit. Mëttlerweil huet sech Belgrad, op der Kräizung tëscht Orient an Okzident, mat enger neier, onwahrscheinlech dynamescher, Kultur- an Undergroundzeen, zum Berlin vum Balkan entwéckelt. D'Loreline Merelle war nawell beandrockt. 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen