Buch-Tipp fir de Summer

radio 100,7

Summer, Congé, Vakanz ... Momenter, wou een Zäit a Loscht huet, an e flotte Roman eranzedauchen. Mee wat soll ee liesen? Dacks kléngen d'Beschreiwunge ganz villverspriechend, fir sech duerno als langweileg, gehaltlos an zäitverschwenderesch ze entlarven.

D'Mataarbechter vum radio 100,7 liese sech duerch vill nei Publikatiounen. Déi Bescht stelle si vir. Literatur aus aller Welt ass vertrueden.

Philippe Paquet - Simon Leys. Navigateur entre les mondes

De belsche Sinolog, Literaturwëssenschaftler a Polemiker Pierre Ryckmans, dee viru véier Joer gestuerwen ass, war méi bekannt ënner sengem Pseudonym. De Simon Leys, also, hat sech uganks de 1970er Joren am breede Publikum en Numm gemaach mat sengem Buch "Les Habits neufs du président Mao", eng haut nach liesenswäert a präzis Duerstellung vun deem, wat déi sougenannt Kulturell Revolutioun a China wierklech war. Wäit ewech, op jiddwerfalls, vun de romantesche Revolutiounsvirstellungen, op déi sech déi deemoleg - vum Maoismus gepräägte - Paräisser Intelligentsia gestäipt hat, fir dem Leys säi Buch menge kënnen ze diskreditéieren. Virun zwee Joer huet de Journalist Philippe Paquet eng wonnerbar Biographie vum Simon Leys verëffentlecht. "Simon Leys. Navigateur entre les mondes" (Gallimard) ass de Portrait vun engem revoltéierten Eenzelgänger - ee Buchtipp vum Michel Delage.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen