Insolites a Gelungenes, Onbekanntes an Neies. Interessantes a Wëssenswäertes aus der Welt vun der klassescher Musek. D’Aktualitéit heiheem an am noe Grenzgebitt.
Classic Moment

Leonard Bernstein - 100 Joer
De gréissten Allround-Museker aus dem 20. Joerhonnert, war ouni Zweiwel de Leonard Bernstein. De fantastesche Komponist vun der West Side Story, huet awer nach ganz aner komplex Wierker hannerlooss. Weider huet den Dirigent a Pädagoge, och d'Medien a Concertsformater gepräägt. Als Kommunikatiounsgenie, wousst hien genee d'Medie fir seng Zwecker gewannen, mee virun allem d'Musek ze promovéieren an engem breedere Public verständlech ze maachen. Mee war de Bernstein dann och ëmmer zefridden ?
De Manuel Ribeiro mat engem Portrait vum Leonard Bernstein.
Rezent Emissiounen
-
Die Entführung aus dem Serail op 3SAT
De bekannten a beléifte Singspill vum Mozart den Owend um TV-Kultursender 3SAT um 20:15.
-
MDR Musiksommer 2018 mat engem positive Bilan
Den MDR Musiksommer 2018 ass mat sengem 48 Concerten op en Enn komm.
-
Wagner-Musek ass weiderhin an Israel, Tabu
En ëffentlech-rechtleche Radio an Israel huet Musek vum Wagner gespillt, mee och vill Reklamatiounen ugezunn.
-
Restauratioun vun der Kölner Oper bis 2022
D'Sanéieren vun der Kölner Oper dauert nach méi laang wéi geduecht.
-
Beethovenfest 2018
Vum 31.08 bis den 23.09.2018 ass de Beethovenfest zu Bonn net ze verpassen.
-
Les Ballets de Monté-Carlo op 3SAT
Mat Balleten vum Nacho Duato an Joseph Hernandez.
-
Best Operatic Farewells
Bachtrack publizéiert en Artikel mat hire beléiftsten Adieuszeenen aus dem Beräich Oper.
-
Fënnef vun den Pionéierinnen an der Klassik
Wie waren beispillsweis an der Klassik, di éischt Fra déi ... ?
-
D'DOV mellt Rekordbesuch fir de Summer
Déi däitsch Orchestervereenegung freet sech, datt Klassik ëmmer méi gefrot gëtt.
-
Undrang beim Cesti Gesanks-Concours Innsbruck
Iwwer 200 Kandidaten hate sech fir dëse Concours zu Innsbruck gemellt.
-
La Traviata zu Saarbrécken
Gëschter ass am Saarbrécker Staatstheater d'Saison ugaange mat der Oper "La Traviata" vum Guiseppe Verdi.
-
Leonard Bernstein - 100 Joer
Genee virun 100 Joer (25.08.1918), ass de Leonard Bernstein gebuer.
-
Libesbréif un den Herzens Félix
Bréiwer vum Komponist Mendelssohn-Bartholdy goufen dem Geschichtsmusée vun der Stad Leipzig iwwerreecht.
-
Keng gutt Zuele fir den Staatstheater Darmstadt
An Däitschland hu quasi all Concerts- a Operenhaiser e ganz positive Bilan fir 2017/18 gezunn: net esou de Staatstheater Darmstadt an Hessen.
-
Irresistibele Claude Debussy
D'Gebuertsdagskand Achille Claude Debussy ass den 22. August 1862 gebuer.
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen