Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!
Metal Meltdown

Mantar
Release vun der Woch: Mantar - The Modern Art Of Setting Ablaze (8,5/10)
Déi däitsch Metal Band Mantar huet de 24.8. hiren drëtten Album "The Modern Art of Setting Ablaze" bei Nuclear Blast erausbruecht. A wéi och virdrun huet den Duo et nees fäerdeg bruecht, eng ganz Partie Aflëss an hirem eegenen Mix zesummenzebréngen. Sou héiert een um neien Album nees Elementer vu Metallica, Motörhead oder Machine Head, gespillt mat enger Punk/Crust Attitude a mat esou kalen an animalistesche Vocals, vun deenen een eigentlech géif ausgoen, datt se bei eng Black Metal Band passen.
Am Grousse Ganzen entsteet esou een immens réien an aggressive Sound, deen dobäi awer immens fett kléngt an dat obwuel d'Museker just zu zwee sinn.
Am Géigesaz zu "richtege" Black Metal Bands ginn an de Lidder vu Mantar och net groussaarteg Spannungsbéi oder richteg Atmosphären opgebaut. Bei Mantar hunn d'Lidder dofir meeschtens eng Längt vun ënner fënnef Minutten an et geet einfach ëmmer nëmme virun.
Am Virdergrond steet bei Mantar dofir ganz kloer de Riff! All Song ass awer eenzegaarteg a catchy, et ass also och eng gesond Portioun Rock 'n' Roll am Mantar Mix mat dran.
"The Modern Art of Setting Ablaze" ass een Album, dee straight forward ass, ee wéi en Hummer riicht an d'Gladder trëfft, mat enger Punk a Rock 'n' Roll Attitude gespillt gëtt, an ee bis zum Schluss net méi lassléisst.
Playlist
- Mastodon - I Am Ahab
- Wolfheart - Breakwater
- Warbringer - Power Unsurpassed
- Grave Digger - Zombie Dance
- Revocation - The Outer Ones
- Shining - Animal
- Mantar - Taurus
- Nonpoint - Chaos & Earthquakes
- SHVPES - Calloused Hands
- Hate Eternal - What Lies Beyond
- Monstrosity - Kingdom Of Fire
- Mike Litoris Complot - Harry Potter Is Gay
- Asphyx - Candiru
Rezent Emissiounen
-
Blind Guardian Twilight Orchestra
Am Interview ass dës Kéier den Hansi Kürsch vu Blind Guardian.
-
Metal Meltdown
Kennt dir scho Coffin Curse aus Chile oder déi international Band The Bastard Within? Nee? Da lauschtert eran.
-
Metal Meltdown
Neits aus der Metalwelt
-
Metal Meltdown
Neits aus der Welt vum Metal.
-
Shadowhispers & Asathor
Am Interview sinn d'Shadowhispers an Asathor.
-
Kitshickers & The Majestic Unicorns From Hell
Am Interview sinn d'Kitshickers an d'Majestic Unicorns From Hell, déi Enn dës Mounts eng Split EP erausbréngen.
-
Strigoi
Am Interview ass de Greg Mackintosh. Riets geet iwwert säin neie Projet Strigoi.
-
Borknagar
Am Interview ass de Frontmann vun der Progressiver Black Metal Band Borknagar.
-
Thomas Koenig
Am Interview ass den 100,7-Philosoph Thomas Koenig, dee sech och mat Metal auserneesetzt - awer ebe philosophesch.
-
Metal Meltdown
Am Interview ass dës Kéier de Frontmann vun Inhuman Rampage, Patrick Wagener
-
Opeth - Martin Axenrot
Am Interview ass den Drummer vun Opeth, de Martin Axenrot.
-
Metal Meltdown
Aktuelles aus der Welt vum Metal
-
Metal Meltdown
Neie Metal an der haartster Sendung vun der Woch
-
Metal Meltdown
Neits aus der Welt vun de méi haarden Téin
-
Suicidal Angels
Am Interview dës Woch: De Frontmann vun de Suicidal Angels, Nick Melissourgos.
Net verpassen
-
Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven
De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen