Generator

Tessy Steffen Koenig Pit Walté

D'Jugend-Sendung um 100,7. Mam Weekend deen op vollen Touren dréint, Gäscht am Interview, Sortien, Trends, Gigs ... A beschter Generator-Musek.

Tom a Chris vun Nice Astronauts

Generator an de Stären

Spaceg Musek spillen den Tom a Chris mat hirem Projet Nice Astronauts. Vill a gutt Musek konnt een och um People Festival de leschte Weekend zu Berlin héieren a gesinn. De Stroum koum awer net vu Batterien aus Pabeier a Bakterien. Wou déi benotzt ginn an ob si scho funktionéieren, huet de Leo Dreisbach recherchéiert, deen den Ament e Stage beim radio 100,7 mécht.

Am Hierscht eng Stonn méi laang schlofen ass flott, am Fréijoer eng Stonn manner laang schlofen dogéint net: 4,6 Milliounen EU-Bierger hu bei enger Ëmfro ëm d'Zäitëmstellung vun der EU-Kommissioun matgemaach. Wéi geet et virun?

De Papp vun de Simpsons, Matt Groening, huet eng nei Serie gestart. De Simon Larosche huet "Disenchantment" gekuckt. 

Déi grouss Kiermes an der Stad, d'Schueberfouer um Glacis, huet hir Dieren opgemaach. Als Studentekiermes beschreift d'Studentenorganisatioun UNEL dat geplangte Stage-Gesetz.

De Generator gëtt presentéiert vum Tessy Steffen Koenig.

Musek:

  1. Gramatik - Just Jammin'
  2. Nice Astronauts - Easy
  3. Nice Astronauts - Folktrance
  4. Fenster - Memories
  5. Gotan Project - Diferente
  6. Chancha Via Circuito Feat. Lido Pimienta - Jardines
  7. La Fanfare Couche-tard - Itinera
  8. Bon Iver - Skinny Love
  9. Feist - Pleasure
  10. Blonde Redhead - Elephant Women
  11. Devendra Banhart - Good Time Charlie
  12. Calexico - Quattro

Rezent Emissiounen

  • Generator

    Themen dës Kéier sinn den neien Album vun der Lëtzebuerger Formatioun Stelise an en Sexpodcast.

  • Live vun der Nuit des Musées

  • An enger Woch si Wahlen

    Alles wat dir nach iwwer d'Politik wësse sollt.
     

  • Generator

    Extraiten aus eisem zweete Kichegespréich an de Vëlos-Fuerer Alex Kirsch ass op Besuch.

  • Generator

    Live vun der Nuit des Lampions vu Wolz

  • Generator

    E Gespréich an der Kichen, de Singer-Songwriter Adrian a vill gutt Musek steet dës Kéier um Programm beim Pit Walté.

  • Generator

    D'Lëtzebuerger Metal-Szene, de Museksfestival Last Summer Dance an de Parlement Européen des Jeunes sinn Thema an dëser Emissioun.

  • Generator an de Stären

    Spaceg Musek vu frëndlechen Astronauten, Musek gouf et och um People Festival, awer ouni Stroum, vu Batterien aus Pabeier a Bakterien, oder?

  • Schueberfouer ouer an Apps déi Handygebrauch limitéieren

    Apps, déi eng hëllefe säin Smartphonegebrauch an de Grëff ze kréien, Detailer iwwer d'SChueberfoeur 2018, eng Petitioun a nach vill méi.

  • Generator

    Invité ass de Museker Khalid Oke. Weider um Programm: Science Camp, Animatiounsvideoe vum Zentrum fir politesch Bildung, E-lake a Picadilly.

  • Generator

    Jonk Sängerinnen, Jugendherbergen a gutt Musek, esou de Programm vum Generator

  • Generator

    De BD Festival zu Contern, eng Lëtzebuerger Band um Blues'n Jazz Rallye, en DigiRallye iwwer d'Geforen am Internet a Musek sinn d'Themen.

  • Ganz vill Léift am Generator

    Zero Point Five presentéieren hiert neit Lidd "Heartland", mir ginn op de BD Festival zu Contern, op de Blues'n Jazzrallye a maachen eng Ëmfro.

  • Spezialemissioun Frauenfeld 2018

    Frauenfeld 2018: Dräi Deeg, 51 Bands, 180.000 Gäscht a ganz vill Hip-Hop

  • Generator

    Eng Masteraarbecht-Recherche a Palestina, e Schoulfest a ganz vill Hip-Hop.
     

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen