Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 8:20, 12:22 a 17:10 Auer.

Iwwerschwemmungen am indesche Bundesstaat Kerala

De südindesche Bundesstaat Kerala erlieft déi schlëmmst Iwwerschwemmungen zënter engem Joerhonnert. Iwwer 400 Mënschen si gestuerwen, e puer Dausend sëtzen an hiren Haiser fest an den indeschen Autoritéiten no, lieft de Moment eng Hallef Millioun Mënschen an provisoreschen Noutlager. Mir hunn mat der Francoise Binsfeld geschwat, Directrice vun Aide à l'enfance de l'Inde et du Népal. D'Organisatioun ënnerstëtzt Terre des Hommes-India Programme, déi de Moment op der Plaz hëllefen. Mir hunn nogefrot wéi d'Situatioun de Moment op der Plaz ass.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi: Directeur général (M/F)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen