Invité am Moies-Magazin

De Marc Wilwert: e groe Star?

Dëse Summer huet de Verlag Kremart d'Serie "Timba" lancéiert: Fënnef Bichelcher mat fënnef Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch. D'Auteure Luc Marteling, Sophie a Catherine Gitzinger, Jérôme Netgen a Marc Wilwert verbënnt, datt si eng éischte Kéier eng Kuerzgeschicht op Lëtzebuergesch erausbréngen. De Marc Wilwert stécht awer eraus, well hien deen eenzegen ass, deem säin Handwierksgeschir am Alldag net onbedéngt d'Sprooch, mee d'Fotografie ass. E Grond fir d'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau de Marc Wilwert an de Studio ze invitéieren.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

    • Klassik aktuell - "Ein großes Kunststück der Klangmalerei"

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen