Chamberwahlen 2018

De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.

 

Asylpolitik an de Wahlprogrammer

An der éischter Halschent vun 2018 hunn 850 Mënschen eng Demande de Protection Internationale zu Lëtzebuerg gemaach. Dat sinn der manner wéi am selwechten Zäitraum zejoert. Trotz de réckleefegen Zuelen, bleift d'Asylpolitik europawäit ee vun de meeschtdiskutéierten Themen an der Politik.

Rezent Emissiounen

  • LSAP-Kongress zu Stroossen

    E Sonndeg war den nationale Kongress vun der LSAP zu Stroossen. Eng 450 Leit hunn Deel geholl - virun allem e Renouveau wier ze spieren.

  • CSV-Nationalkonvent

    D'CSV hat e Samschdeg zu Ettelbréck hiren Nationakonvent. Mir kucken zréck an héiere wéi d'Partei sech fir d'Wahlen am Oktober opstellt.

  • Claude Wiseler

    Nom Nationalkongress vun der CSV stinn d'Kandidatelëschte fest. Mam CSV-Spëtzekandidat geet rieds iwwert d'Wahlcampagne a politesch Inhalter.

  • Réckbléck op de Parteikongress vun déi Lénk vum 18. Mäerz

    Staark Kritik u Regierung an Oppositioun virun allem beim Logement.

  • Réckbléck op de Parteikongress vun déi gréng de 24.2.2018

    déi gréng positionéiere sech fir de Wahlkampf, an Zil ass et, am Oktober mat aacht Sëtz an der nächster Regierung dobäi ze sinn.

  • Ali Ruckert

    De KPL-President schwätzt iwwert Mindestloun, Aarbechtszäitverkierzung an d'Zesummenaarbecht um politesch lénke Bord.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen