Buch-Tipp fir de Summer

radio 100,7

Summer, Congé, Vakanz ... Momenter, wou een Zäit a Loscht huet, an e flotte Roman eranzedauchen. Mee wat soll ee liesen? Dacks kléngen d'Beschreiwunge ganz villverspriechend, fir sech duerno als langweileg, gehaltlos an zäitverschwenderesch ze entlarven.

D'Mataarbechter vum radio 100,7 liese sech duerch vill nei Publikatiounen. Déi Bescht stelle si vir. Literatur aus aller Welt ass vertrueden.

Allain Glykos - Gilets de sauvetage

Den Auteur Allain Glykos koum 1948 zu Bordeaux op d'Welt, de Papp war - wéi de Familljennumm et suggeréiert -  en immigréierte Griich, d'Mamm eng Bauerenduechter aus der Charente. Hire Fils huet déi franséisch Nationalitéit, ass Unisproff an huet parallel dozou bis haut gutt 20 Bicher erausbruecht. Bei deem leschten, "Gilets de sauvetage", handelt et sech ëm eng Grafic Novel, eng Zesummenaarbecht mam 40 Joer méi jonke franséische BD-Zeechner Antonin. E Buchtipp vum Kerstin Thalau.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen