Chamberwahlen 2018

De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.

 

D'Sylvie Mischel (ADR) an d'Josée Lorschée (déi gréng)

Josée Lorsché & Sylvie Mischel

Et ass hei zu Lëtzebuerg wahrscheinlech nach ni esou vill iwwer eng nohalteg Entwécklung vun eiser Wirtschaft geschwat ginn, wéi an der leschter Legislaturperiod. Nohaltegkeet war z. B. d'Schlagwuert am Rifkin-Prozess. A bei de vill diskutéierten Industrieprojete Knauf a Fage goung et jo och haaptsächlech ëm d'Fro, wat déi Betriber u Ressourcë verbrauchen a wéi een Impakt se op d'Ëmwelt hunn. Wéi positionéiere sech déi gréng an d'adr an deem Beräich? Doriwwer diskutéieren zwou Kandidatinnen, déi de 14. Oktober bei de Chamberwahlen am Bezierk Süden untrieden: Josée Lorsché (déi gréng) a Sylvie Mischel (ADR). Moderatioun: Maurice Molitor.  

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen