Backstage

D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Musekszeen. Mat Invitéen, déi déi multikulturell Realitéite vu Lëtzebuerg musikalesch illustréieren. All Woch frësch an nei.

Sophie Hunger, Meakusma a Scandal

Dëse Freideg koum den neien Album vun der schwäizer Sängerin Sophie Hunger eraus. Op Molecules léisst si d'Vergaangenheet hannert sech, an tauscht hir akustesch Instrumenter an elektresch Gittare géint Synthesizeren an Drum Machines aus. D'Sophie Hunger erfënnt sech nei. Den Yves Stephany am Gespréich mat der Musekerin.

Bei der Sich no Musek, déi speziell, abenteuerlech oder experimentell ass, stéisst een ëmmer nees op den Numm Meakusma. De Kollektiv vun Eupen organiséiert zanter 2004 Concerten a Partien, a bedreift och e Label mam selwechten Numm. Zënter 2016 organiséiert Meakusma och e Festival, dee sech mat sengem villsäitege Lineup direkt an Europa etabléiert huet. Nächste Weekend ass déi drëtt Editioun. Den Yves Stephany.

"Mir wëllen eis eege Grenzen testen an iwwerwannen", seet d'Flüttistin Aniela Stoffels iwwert de Projet "Scandal", dee se mam Perkussionist Victor Kraus entwéckelt. De Guy Engels huet mat de Museker geschwat.

Rezent Emissiounen

  • Sonic Visions 2018

    Live vum Belval, mat Gespréicher iwwer Musek, Blockchain a Mastering

  • c/o pop 2018 Special

    E Réckbléck op de Festival zu Köln

  • Sophie Hunger, Meakusma a Scandal

    Eng Musekerin vu Bern, en experimentelle Festival zu Eupen, an e neie Lëtzebuerger Museksprojet.

  • Backstage am Congé

    Live vun de Congés Annulés 2018 an de Rotonden

  • Backstage am Congé

    Live vun de Congés Annulés 2018 an de Rotonden

  • Backstage am Congé

    Live vun de Congés Annulés 2018 an de Rotonden

  • Backstage am Congé

    Live vun de Congés Annulés 2018 an de Rotonden

  • Backstage am Congé

    Live vun der Opening Night vun de Congés Annulés 2018 an de Rotonden

  • Bodega an E-Lake

    E Gespréich mat der Post-Punk-Formatioun vun New York an d'Affiche vum Festival zu Iechternach

  • Pianoen zu Wolz an Ulysse

    Am Kader vum Wëlzer Festival sinn den 20. Juli Concerte vu Brandt Brauer Frick, Francesco Tristano, Klein a Glass Museum.

  • Screaming Fields 2018

    Déi aacht Nimm op der Affiche vum Newcomer Festival stelle sech vir.

  • Congés Annulés an International Music

    En Zoufallsparcours duerch de Line-up vun de Congés Annulés mam Museksprogrammateur Marc Hauser an e relaxt Gespréich mat de Kärele vun International Music

  • No Drum No Moog, Them Lights, When 'Airy Met Fairy

    Eng nei Plack vun No Drum No Moog, d'Festivalsaison an der Belsch, di éischt Single vu Them Lights a When 'Airy Met Fairy am Gespréich.
     

  • Siren's Call Special

    MGMT, Eels, Parcels, Superogranism, Ryvage, Them Lights a vill anerer stinn den 30. Juni op der Bühn. En Ausbléck.

  • Concerts-Highlights an en neie Musekspräis

    Den Jamie Reinert rapportéiert vum Palm Concert, den Yves Stephany schwätzt mam Courtney Barnett an de Marc Hauser erzielt vum neie Quattropole Musekspräis.
     

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen