Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

37. Nationalen Wanderdag

Beim Wanderen geet et virun allem ëm Naturerliewen, Gesondheet, Entspanung, Gesellegkeet a Spaass. Dat hunn dëse Weekend eng sëlleche Leit um 37. Nationalen Wanderdag betount. Wanderen wier eben kee Kompetitiounssport, mee géif zu enger sozialer Nohaltegkeet bäidroen, seet de Romain Buschmann, President vun der Lëtzebuerger Wanderfederatioun. D'FLMP, d'Fédération Luxembourgeoise de la Marche Populaire, begréisst deemno, datt ëmmer méi Leit bei de Wanderungen, déi uechter d'Land organiséiert ginn, mat ginn.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen