CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

D'Zäitgenossen Brahms a Goetz

Esou bekannt dem Brahms säin 1. Pianosconcerto ass, esou onbekannt ass dem Hermann Goetz säin 2. Pianosconcerto. Zwee Wierker aus der däitscher Romantik, déi Villes gemeinsam hunn. Dem Goetz säi Concerto strotzt vu romantesche Momenter mat gewoten Harmonië fir di Zäit. Et ass jiddefalls eng gutt Iddi, Wierker vu béide Komponiste mat deene Wierker op engem duebelen Disk z'editéieren, mengt de Manuel Ribeiro.

  • Herman Goetz: Concerto fir Piano Nr 2
  • Johannes Brahms: Concert fir Piano Nr 1

Andrea Kauten, Piano
Savaria Symphony Orchestra
Direktioun: Ádám Medvicki.

Solo-Musica SM 284

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen