Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Summertime - forever?

D'Auer dréinen - dat ass ee grousse Sujet an der Europäescher Unioun. Wat halt Dir dovun? hat d'EU-Kommissioun déi lescht Méint an enger Konsultatioun gefrot an et gouf nach ni esou vill Leit déi mattgemaach hunn. Obwuel des Emfro net repräsentativ ass, huet si direkt dozou bäigedroen, datt d'Kommissioun annoncéiert huet, aktiv ze ginn, an eng Ännerung ze proposéieren.

Allerdéngs kéint et méi laang daueren, wéi vill Leit sech wënschen, bis wierklech d'Auer net méi gedréint gëtt. D'Décisioun läit bei de Memberlänner - an hei ass ee sech nach net eens.

 

 

 

 

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen