Invité am Moies-Magazin

François Carbon an de "wine&dine" vun der Uni Lu

Eng Rentrée op der Uni ass anescht wéi am Primäre oder Lycée. Als frëschgebakene Student sëtzt een op eemol tëscht e puer Honnert Friemen, als neie Fuerscher muss ee sech fir d'éischt emol richteg behaapten. A wann een en plus an d'Ausland geet, soe mer op d'Uni Lëtzebuerg um Belval, geet et och nach dorëms, sech an engem neien Entourage erëm ze fannen. Fir datt dat alles méi liicht fält, fir en optimale Start, huet de François Carbon vum Espace cultures vun der Uni Lëtzebuerg d'Aktioun "wine&dine" an d'Liewe geruff, bei der sech lëtzebuerger Résidante melle kënnen, fir en neie Student oder Fuerscher op e Glieschen an e Maufel ze invitéieren.  

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - Dr. Mithu Sanyal

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen