CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Kaleidoscopic

Klarinett, Cello a Piano ass eng beléifte Konstellatioun an der Kammermusek vum 20. Joerhonnert. De Patrick Messina, den Henri Demarquette an de Fabrizio Chiovetta hu fir hir nei Produktioun, Wierker vu Komponisten erausgesicht, déi an den 30er Jore gebuer goufen: de Jaan Rääts, den Arvo Pärt an den Henryk Gorecki. Entstane sinn e Programm an Interpretatiounen, déi den Titel vum Disque - "Kaleidoscopic" - perfekt resuméiert.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen