Classic Moment

Insolites a Gelungenes, Onbekanntes an Neies. Interessantes a Wëssenswäertes aus der Welt vun der klassescher Musek. D’Aktualitéit heiheem an am noe Grenzgebitt.

Die Entführung aus dem Serail op 3SAT

Am Kader vun hirer Serie "Festspielsommer", proposéiert den Owend (08.09.2018) den TV-Kultursender 3SAT um 20:15, d'Oper oder Singspill "Die Entführung aus dem Serail vum Mozart. Et war di éischt "grouss" Oper vum jonke Mozart, déi di zu senge Liewenszäiten am meeschte gespillt gouf.

Am Cast:

  • Konstanze - Jane Archibald
  • Belmonte - Cyrille Dubois
  • Pedrillo - Michael Laurenz
  • Blonde - Joanna Wydorska
  • Osmin - David Steffens
  • Bassa Selim - Peter Lohmeyer

Chouer an Orchester "Opéra de Lyon". Direktioun: Stefano Montanari. Regie: Wajdi Mouwad.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen