Soirée Philharmonique

Guy Engels

Live-Matschnëtter vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, de Solistes Européens, Luxembourg an dem Orchestre de Chambre du Luxembourg. An der Concertspaus héiert Dir Gespréicher mat Dirigenten, Solisten, Orchestermuseker.

De Yehudi Menuhin an d'Solistes Européens, Luxembourg

De radio 100,7 feiert 2018 seng 25 Joer. An deem Kader proposéiere mir eng ganz Rëtsch vu Concerten aus eisen Archiven. Haut héiert Dir e Live-Matschnëtt vun 1994 vun engem Concert, deen d'Solistes Européens, Luxembourg fir den 80. Gebuertsdag vum fréiere Staatsminister Pierre Werner gespillt hunn. Als Gaaschtdirigent war den Lord Yehudi Menuhin mat derbäi.

  • Joseph Haydn: Concerto fir Cello Nr. 2
  • Joseph Haydn: Concert fir Gei an do majeur
  • Wolfgang Amadeus Mozart: Symphonie Nr. 38, genannt Prager Symphonie

Solistes Européens, Luxembourg
Lord Yehudi Menuhin, Direktioun

Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen