De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.
De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.
An engem Mount si Wahlen. Et kann ee sech d'Fro stellen, wat an de leschte fënnef Joer alles geschitt ass, wat gutt war, a wat net, a wéi et an Zukunft soll weidergoen. Eis Invitéë sinn zwee Museker, déi och als Lobbyiste fir hire Secteur aktiv sinn. De Roby Steinmetzer mécht elektro-akustesch Musek an ass President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Auteuren a Compositeuren (kuerz) Flac, an de Maxime Bender ass Saxophonist a Vize-President vun der Comission Consultative vun der Sacem. Den Yves Stephany an de Pit Walté féieren duerch d'Gespréich.
Ee Mount no de Chamberwahlen hëlt d'Formatioun vun der neier Regierung esou lues Form un. Et zeechent sech eng Regierung mat 17 Memberen of.
E Réckbléck op déi zweet Woch no de Chamberwahlen, de 14. Oktober. Eng Analyse vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.
Déi niddreg Wielerparticipatioun bei de Chamberwahlen 2018 relancéiert d'Froen iwwert déi politesch Participatioun vun den Auslänner zu Lëtzebuerg.
E Réckbléck op déi politesch Woch no de Chamberwahlen, de 14. Oktober. Eng Analyse vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.
Mam Resultat vun der Partei kann hien net zefridde sinn, mat sengem eegene schonn: Zweetgewielten op der CSV-Lëscht am Zentrum. Ass de Serge Wilmes elo op méi aus?
Lëtzebuerg huet gëschter en neit Parlament gewielt. Wie sinn d'Gewënner an d'Verléierer a wéi kéint eng nächst Regierung ausgesinn?
Eng Wahlanalys mat Vertrieder vun de véier grousse Parteien: CSV, DP, LSAP an déi gréng. Wéi wäert déi nächst Regierung ausgesinn?
Eng ganz Partie Deputéiert sinn net méi an der Chamber vertrueden, eng Rëtsch anerer wäerten eng éischte Kéier ee Mandat am Parlament untrieden.
D'Ekipp vum 100,7 guidéiert Iech Live duerch d'Aktualitéit um Wahlsonndeg.
Éischt Resultater, Analysen a Stëmmunge vum Terrain
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen