Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Morphine - Cure for Pain

Am Joer 1993 fanne Morphine de Wee eräus äus Cambridge, dem Unisstaatdeel vu Boston. An dat nët nemmen an d'Club'e vun New York, mee an d'ganz Welt. An eisem Déjà Vu invitéiert de Marc Clement op eng Rees duerch räucheg Téin, Zigarettendamp a Saxophon-Riffs.

Rezent Emissiounen

  • Jefferson Airplane - Volunteers

    D'kalifornesch Band gëtt am November 1969 den deemolegen Zäitgeescht erëm an Nouten an a Wierder: Protest an Anti-Establishment sinn Tromp!

  • Quincy Jones - You've Got It Bad, Girl

    Mir gi 45 Joer zeréck bei ee Soloalbum vum Smooth Operator Quincy Jones. "You've Got it Bad, Girl" vun 1973 ass Orchestratioun am grousse Stil.

  • Mary Margaret O'Hara - Miss America

    En 80er Kultalbum vun enger exzentrescher Musekerin déi Texter op hir eege Manéier séngt

  • Jacques Brel - Les Marquises

    Dem Brel säi leschten Album, opgeholl e puer Méint viru sengem Doud, den 9. Oktober 1978.

  • Scott Walker - Scott 2

    Dem enigmatesche Museker säin zweete Solo-Album vun 1968 mat Interpretatioune vum Jacques Brel, Burt Bacharach an Henry Mancini.

  • Bob Dylan - Time Out Of Mind

    No siwe Joer Komponéierpaus gëtt de Bob Dylan 1997 erëm en Album eraus. E gelongene Comeback, produzéiert vum Kanadier Daniel Lanois.

  • Road To Ruin - Ramones

    E Punkalbum feiert Gebuertsdag: d'US-Punker si viru genee 40 Joer mat e puer Akkorden an d'Charts komm.

  • Morphine - Cure for Pain

    D'Sich no engem Heelmëttel fir déi ënnerlech Péng féiert op Morphine hirem zweeten Album duerch ee Monochrom vu Bariton-Frequenzen.

  • Link Wray - Link Wray

    Eng rau Pärel vun 71 vum Erfinder vum Power Akkord, dee seng Roots Rock Säit zum Virschäi gëtt.

  • Stevie Ray Vaughan - Couldn't Stand the Weather

    De Gittarist vereent Blues a Rock, Eegekompositiounen a Friemes, dorënner eng Versioun vum Hendrix-Klassiker "Voodoo Child"

  • King Crimson - Red

    1974 kënnt King Crimson hire 7. Studioalbum, "Red" eraus, déi lescht Plack virun engem längeren Hiatus. D'Plack enthält mat den häertste Rock, deen d'Band je erausbruecht huet.

  • Billy Joel: Piano Man

    Deen zweete Studioalbum vum Singer, Songwriter a Pianist

  • Ornette Coleman - The Shape Of Jazz To Come

    Den zweeten Album vum amerikaneschen Jazz-Saxophonist (Oktober 1959), op deem et a Richtung free an Avantgarde geet ...

  • Lucinda Williams - Car Wheels on a Gravel Road

    Dësen Album (1998) vun der amerikanescher Songwriterin ass mat engem Grammy als Best Contemporary Folk Album belount ginn.

  • Batteaux - Batteaux

    E Folk-Funk Bijou aus dem Joer 1973 mat ville séisse maritimen Tonalitéiten.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen