Musek am Gespréich

Guy Engels Manuel Ribeiro Luc Boentges

Et entstinn ëmmer erëm nei Initiativen, während gläichzäiteg al Formater a Fro gestallt ginn. Lëtzebuerger Museker doen ëmmer nees mat neie Projete vu sech schwätzen a Weltstare visitéieren a reegelméissegen Ofstänn de Grand-Duché. E variabelt Format fir alles dat, wat déi klassesch Musek zu Lëtzebuerg ubelaangt, gekoppelt mat der passender Musek.

Den Trio O3

Malmédy, Ciney, Attert - aus dësem Eck, net wäit vu Lëtzebuerg, kommen déi dräi jonk Musekerinnen, déi den Trio O3 forméieren: d'Lydie Thonnard (Flütt), d'Eugénie Defraigne (Cello) an d'Léna Kollmeier (Piano). Dës innovativ Formatioun huet dëst Joer de wichtege Concours Supernova gewonnen, deen, nieft der kënschtlerescher Unerkennung an der medialer Opmierksamkeet, och eng ganz Rëtsch Engagementer mat sech bréngt. De Guy Engels huet sech mat der Eugénie Defraigne an der Léna Kollmeier ënnerhalen.

 

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen