Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

L'Art déco - expression ornementale du modernisme

Nei Baumaterialien, neit Ingenieur-Wëssen, d'Evolutioun am Konschthandwierk an de Fortschrëtt vun der Wëssenschaft haten déi traditionell Ausbildung vun den Architekten op d'Kopp geheit. Den Historismus integréiert déi nei Aart a Weis fir ze bauen, mee verstoppt se ënner dem traditionellen dekorative Kleet.

Déi nei Konscht versicht, d'Konschthandwierk opzewäerten, andeem se sech un der Form vun der Natur inspiréiert. Den Art déco kënnt esou ëm 1925 op, mee e verschmëlzt séier mam Modernisme. Lëtzebuerg huet Beispiller vu seelener Qualitéit vun dësem Stil versuergt, deen esouwuel de Park virum Haus auszeechent, wéi och Gebaier mat Appartementer a Commercen.

Eng Konferenz vum 7. Juni 2018 vum Dr. Robert L. Philippart am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (MNHA), opgeholl a verschafft vum Carlo Link.

Robert L. Philippart, docteur en philosophie et lettres - histoire, UNESCO Site Manager Luxembourg au Ministère de la Culture. © Andrea Ihmsen

Bonn Frères, rue Philippe II (mouvement de la rose pétrifiée) | Opticien Berg, Grand'Rue (modernisme) © Rolph 

Hôtel Alpha, Place de la gare (style zigzag) © Rolph

Dépliant MNHA "Art déco au Luxembourg": https://issuu.com/mnha/docs/mnha_art_deco_flyer_issuu?e=14819671/60118920

 

 

 

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen