Chamberwahlen 2018

De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.

 

Pierre Gramegna (DP) - Fernand Kartheiser (ADR)

12 Milliarden Euro Staatsschold, e cumuléierten Defizit beim Zentralstaat vun 900 Milliounen Euro, dann awer en Iwwerschoss beim Gesamtstaat vun 0,6 Prozent a Wuesstemsprevisioune fir 2018 vu 4 Prozent vu PIB. E Face-à-face iwwer gesond Staatsfinanzen an d'Ofséchere vum Sozialstaat. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen