Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Die tote Stadt

Eng Balletsmusek mat grad emol eelef Joer an duerno e Succès um aneren: Den Erich Wolfgang Korngold war eent vun de gréisste musikaleschen Talenter am Ufank vum 20. Joerhonnert. Dat Talent confirméiert sech spéitstens mat der Oper "Die tote Stadt", déi 1920 eng duebel Uropféierung zu Köln an zu Hamburg hat. Spéider huet de Korngold zu Hollywood als Filmkomponist Carrière gemaach. Elo bréngt de Saarlännesche Staatstheater dem Korngold säi Meeschterwierk fir déi éischte Kéier iwwerhaapt zu Saarbrécken op d'Bühn. 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen