Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Gergely Madaras (©Balazs Borocz)

"Das ist die Zukunft"

En Donneschdeg um 7 Auer (20.9.) heescht et an der Philharmonie "Dating: Schubert". De Pianist an Improvisator Jean-François Zygel an de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg proposéieren de Komponist a seng "Unvollendet" 8. Sinfonie e bësse méi genee kennenzeléieren.

Bei dësem Concert gëtt de Gergely Madaras säin Debut um Dirigentepult vum OPL. Am Gespréich mam Luc Boentges verréit hie seng Vue op d'Konzept hannert dem Concert a gëtt en Abléck an dem Franz Schubert seng Kompositioun.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen