Chamberwahlen 2018

De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.

 

Een Dag mat der Sonja Holper

Déi nei Biergerinitiativ Demokratie trëtt fir d'éischte Kéier bei de Chamberwahle vum 14. Oktober un. Si fuerdert, datt méi Referendume gemaach ginn, fir datt d'Politik méi vum Vollek matbestëmmt gëtt. Mee d'Biergerinitiative Demokratie war bal um Enn éier gewielt gëtt. Nom Fiasko mat de Kandidatelëschten, wou e puer Leit soten, si géife géint hire Wëllen op de Lëschte stoen, wollt Demokratie hir Lëschten nees zeréckzéien. Mee dat goung net méi. An elo trëtt d'Biergerinitiativ dann awer fir d'Chamberwahlen un. Mir hunn d'Sonja Holper, Spëtzekandidatin vun Demokratie am Zentrum, een Dag laang begleet. E Portrait vum Pierre Reyland.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen