Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Kitesurfen zu Dakhla: de Palais an engem internationale Konflikt

De groussherzoglechen Haff huet d'lescht Woch op sengem offiziellen Internetsite e Communiqué publizéiert mam Titel: "Echappée sportive au Maroc". De Grand-Duc Henri a säi Fils, de Prënz Sébastien hunn an der Küstestad Dakhla d'Waassersportart Kitesurfen ausprobéiert. Domat verwéckelt sech den Haff an eng sensibel diplomatesch Affär: dem internationalem Recht no läit Dakhla nämlech net am Maroc, sou wéi de Communiqué vum 10. September et uginn huet, mee am Gebitt Westsahara. Well de Grand-Duc awer ënner der Obhut vun der marokkanescher Regierung, déi d'Stad Dakhla effektiv militäresch kontrolléiert, an d'Westsahara agereest ass, werft dëst vëlkerrechtlech Froen op. Hannergrënn vum Charlotte Bruneau.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen