De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.
De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.
Wéi wëllen déi verschidde Parteien d'Wirtschaft virunentwéckelen an de Standuert diversifizéieren? Wéi eng Secteure sollen an Zukunft méi eng grouss Roll spillen? Dat gitt Dir an der Analys vun de Wahlprogrammer vum Serge Kesseler gewuer.
De Bléck op d'Wahle mat fréiere Politiker. Am Studio: d'Marie-Josée Jacobs - CSV an de Ben Fayot - LSAP.
De Regierungsbilan, d'Wahlcampagne a Spekulatiounen iwwer d'Wahlresultat. Am Studio: d'Geschichtsprofessesch Simone Beck an de Woxx-Journalist Raymond Klein.
Wéi ass déi lescht Wahlkampfwoch verlaf? A wat fir eng Dynamik kann ee virun de Chamberwahlen gesinn? Eng Analys vun der Chefredaktioun.
Réckbléck op eng langweileg Wahlcampagne an Ausbléck op e spannende Wahlsonndeg mat den 2 Journaliste vun RTL Tëlee Lëtzebuerg resp. reporter.lu.
De Spëtzekandidat fir d'ADR am Süden ass zanter bal 30 Joer an der Chamber an domadder den Doyen.
Déi 94 Joer al Fra géif d'Landschaften erhalen an den Zesummenhalt vun de Mënsche stäerken. Wat géift Dir änneren, wann Dir Premier wäert?
Wou sinn déi rot Linne bei der DP an der CSV an der Familljepolitik? A wou si potentiell d'Kompromëssméiglechkeete fir eng blo-schwaarz Regierung?
Ronn 2.200 Schüler sinn an internationalen ëffentleche Schoulen ageschriwwen. D'Schoule sinn net onëmstridden, an d'Parteie gesi se deels kritesch.
Déi jonk Fra aus Syrien géif méi laang Stagen fir Lycéesschüler a Studenten aféieren. Wat géift Dir änneren, wann Dir Premier wäert?
Trotz der Wuesstumsskepsis vu ville Parteie wëllt keng vun hinnen op Wuesstum verzichten. D'Polemik weist, datt an anere Beräicher Iddie feelen.
Den Erliefnespedagog gesäit et als Necessitéit un, de Liewensstil ze änneren a géif dat als Premier och esou virliewen. Wat géift Dir änneren?
Wou differenzéiere sech déi zwou Parteien an der lénker Mëtt? Firwat net e gemeinsame politesche Projet um lénke Bord? E Face-à-face.
Den Optiker géif d'Handwierk valoriséieren an de Mindestniveau fir an de Beruff eranzeklammen an d'Luucht setzen. Wat géift Dir änneren?
Mir hunn den CSV-Spëtzekandidat am Wahlkampf begleet. De Fraktiounschef a fréiere Minister wëllt de Xavier Bettel als Premier ofléisen.
Wéi ass déi virlescht Wahlkampfwoch verlaf? A wat fir eng Dynamik kann een esou kuerz virun de Chamberwahlen observéieren. D'Pia Oppel aus der Noriichteredaktioun mat enger Analys.
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen