Blue Note

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Jazz zu Ettelbréck

De CAPE Ettelbréck proposéiert Lëtzebuerger Jazz mee och easy listening Jazz an hirer Saison 2018/19. De Carl Adalsteinssohn, Direkter vum CAPE, war am Studio.

Déi éischt CD vum Jazz-Saxophonist Tom Barford heescht "Boomer" a koum beim Label Edition Records eraus.

Am Jazz-Agenda stinn nees vill Eventer an den diverse Kulturhaiser um Programm.

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

    • Klassik aktuell - Nei Kompositiounen gesicht

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen