Rockultur

Mike Tock

De Mike Tock rockt eng Stonn duerch Indie a Garage, Punk a Psychedelic, Alternativ a Crossover. Mat neie Sortien a Concerts-Propositiounen, mat déckem Gas a coole Beats. Tock'n'Roll eben ...

Rockultur

Rock a Pop international: d’Aktualitéit vum Disk an de Concerten, d’Klassiker, d’Rockgeschicht an thematesch Dossieren:
Tom Barman & Guy Van Nueten (B) Live
Piano a Gittar, dat sinn d’Instrumenter vun dësem Disk, deen entstanen ass an enger Phase, wou den Tom Barman e bëssche Congé vun dEUS geholl hat. Déi artistesch Qualitéite vum Tom Barman brauch ee net méi z’ënnersträichen, hie ka bal alles maachen. Et geseit och esou aus, datt hien un alles erugeet an datt him alles geléngt! Tëscht sengem Passage hannert d'Kamera a senger Collaboratioun mam CJ Bolland fir Magnus, huet hie sech zesumme gedoe mam Pianist Guy Van Nueten fir eng kleng Europa Tournée mat méi akusteschen an intime Lidder. Eng Geleeënheet fir och senge Lieblingsartisten en Hommage ze maachen.
Dir héiert deen integrale Spektakel, deen 2003 op CD erauskoum.
Presentéiert vum Cynthia Hornick. (Rediff. vu freides, 20.00)

Rezent Emissiounen

  • Blood Red Shoes

    Si hu grad am Virprogramm vun de Pixies gerockt. Fir d'Afterparty kënnt de briteschen Duo bei eis an de Studio en exklusiven DJ Set spillen.

  • Rockultur

  • Live Gigs

    Mat Live-Extraite vu Popa Chubby, Walter Trout an Ad van der Veen - zolitte Rock a méi filigrane Singer/Songwriting ...

  • Rockultur

    Sound vu gëscht mat Interprete vun haut, en dueble 'back in time' an e Rëckbléck op eis 'Album vun der Woch'-Lëscht ...

  • Dat war den Dour Festival

    Ee Réckbléck op dee gréisste Festival an der Wallonie.

  • Classic Rock

    Rock Klassiker, op am Original oder gecovered ... eng Rees an d'Sechzeger an d'Siwwenzeger

  • Ausbléck op den Dour Festival

    Solange, Kate Tempest an Jonwayne sinn ënnert den Headlinere vum gréisste Festival an der Wallonie. Den Dour ass vum 12. bis de 16. Juli.

  • Leonard Cohen in concert

    90 Minutten aus engem vun de läschte Concerte vum Leonard Cohen, opgeholl 2013 zu Dublin.

  • Classic rock live!

    Mat der Uergel vu Frumpy, de Gittare vu Wishbone Ash, der Mondharmonika vum Jagger, Lord/Page/Gillan an Topform plus de Mr. Slowhand!

  • Classic Rock Live!

    Eng Stonn "back in time" mat Concertsextraiten aus dem Beräich classic rock - fir erëmzehéieren oder fir z'entdecken.

  • Lennon/McCartney Songbook

    Den Duo John Lennon/Paul McCartney ass deen am meeschte gecoverten an der Rock- a Popgeschicht.

  • The Kills

    Déi ideal Astëmmung virum Optrëtt vu VV & Hotel op Esch/Belval!

  • Rockultur

    King Gizzard and the Lizard Wizard hunn en neien Disk erausbruecht.

  • Hold Your Head Up!

    Mam Live-Album vun de Zombies aus dem Shepherd's Bush Empire, Jazz-Rock vun If an e puer Ausflich an d'psychedelic rock-Zäit!

  • Out Of The Crowd 2016

    Eng Stonn rondrëm déi 13. Editioun vum OOTC, déi de Samschdeg, 30. Abrëll an der Kufa iwwert d'Bühn geet.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen