Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

MaYaN

Haut (21.9.) koum deen neien Album vun der hollännescher Symphonic Death Metal Band MaYaN eraus. "Dhyana" nennt e sech an et sinn dës Kéier ganzer néng Museker drop vertrueden, elo mol vun der Orchestréierung ofgesinn. Am Interview mam Gittarist Frank Schiphorst huet den David Wagner probéiert erauszefannen, ëm wat et um neien Album geet a wéi et eigentlech als Gittarist ass, Riffer fir eng Band ze schreiwen, wann ee weess, datt bei dëser Musek d'Gittar net grad sou eng prominent Roll spillt, wéi an anere Metal Genren.

Playlist

  1. Candlemass - The Dying Illusion
  2. Tribulation - Nightbound
  3. Mindpatrol - Calamity (guitar playthrough)
  4. Metallica - Dyers Eve
  5. Lost in Pain - Sick And Tired
  6. Bloodbath - Bloodicide
  7. MaYaN - The Rhythm Of Freedom
  8. Fusion Bomb - Burlesque Shootout

Rezent Emissiounen

  • Wacken 2019

    En Ausbléck op d'Highlights vum Wacken 2019

  • Metal Meltdown

    Nei Musek vun Antopomorphia, Children Of Bodom oder Mike Morton

  • Metal Meltdown

    Neits aus der Welt vum Metal, mat ënnert anerem In Flames, Devin Townsend a grand Magus.

  • Whitechapel

    Am Interview ass haut de Sänger vun den amerikaneschen Deathcore Veterane Whitechapel. Rieds geet iwwer hiren neien Album "The Valley".

  • Metal Meltdown

    Neits vun ënnert anerem In Flames, Inter Arma an Exumer.

  • Inzest

    Den 9. Februar kënnt den Debutalbum vun der Band Inzest eraus. "Collateral Damage" heescht en.

  • Fusion Bomb - Concrete Jungle

    Am Review ass dës Woch den neien Album vu Fusion Bomb: Concrete Jungle.

  • Fusion Bomb

    Am Interview: Déi jonk Thrash Metal Band Fusion Bomb

  • Nailed To Obscurity

    Dës Kéier am Fokus: Den neien Album vun der däitscher Progressive Death Metal Band Nailed To Obscurity, Black Frost

  • Metal 2018

    Wat hat d'Joer 2018 a Punkto Metal ze bidden?

  • Metal Meltdown

  • Abstract Rapture

    An dëser Editioun steet den neien Album vun Abstract Rapture "Hollow Motion" am Mëttelpunkt
     

  • Lost In Pain

    D'Lëtzebuerger Thrasher, déi déi nächst Woch hir zéng Joer feieren, sinn am Interview.

  • Skull Pit

    Den Debutalbum vum neie Projet "Skull Pit" ënner der Lupp

  • Abstract Rapture

    Am Interview sinn den Drittt an de Spit vun Abstract Rapture; et geet ëm hiren neien Album "Hollow Motion"

Programm

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen