Ee Mount, een Thema

André Dübbers

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

Medien: Dee bessere Journalismus?

Den Usproch ass ambitiéis: Méi wéi e rengen Informatiounsjournalismus, mee e fundéierten, investigative Journalismus mat Hannergrond, dat ass dat erkläerten Zil vun der neier journalistescher Internet-Zeitung reporter.lu. De Projet reporter.lu finanzéiert sech mat Crowdfunding an Abonnenten, op Annonceure wëllt déi jonk Equipe komplett verzichten. E Projet, en Experiment mat Zukunft?

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen