Chronik

Aktuell Sujeten aus Lëtzebuerg, Europa an der Welt

Causa Maaßen

Turbulent Zäiten an der däitscher Innepolitik: De Fall ëm de fréiere Chef vum Verfassungsschutz Hans-Georg Maaßen huet an der Grousser Koalitioun vun CDU, CSU an SPD zu engem Vertrauensverloscht gefouert. D'Entscheedung vu leschter Woch, den Här Maaßen soll Staatssekretär ginn, ass annuléiert ginn nodeems se op vill negativ Reaktioune gestouss war. D'100,7 Korrespondentin Sarah Pepin mat der Auslandschronik vu Berlin.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen