Eng Lëtzebuerger Konschtgeschicht fir d'Nationalgalerie

Christian Mosar

Bis haut gëtt et keen ëmfaassend Standardwierk, dat eng Lëtzebuerger Konschtgeschicht kéint definéieren. An dëser Serie liwwert de Christian Mosar e puer Usätz. Ugefaangen am 18. Joerhonnert bis haut, gëtt eng kuerz awer differenzéiert Konschtgeschicht mat hiren Acteuren an Anekdote gezeechent.

Zwee Portraitisten aus dem 19. Joerhonnert

Déi nei Klass vun der héijer Bourgeoisie hat och hir Artisten: deen een huet fir si geschafft an ass en Deel vun hir ginn, déi aner koum direkt aus hire Reien. De Christian Mosar mat Detailer iwwer d'Marie-Thèrese Glaesener-Hartmann an de Jean-Baptiste Fresez.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen