Jazzin' Around

Pit Dahm Pol Belardi

Ass dat do nach Jazz?

Jazz ass hautdesdaags alles wat lieweg, opgereegt a frësch kléngt. D'Grenzen an d'Tiräng verschwanne lues a lues. Vun de Grondingrediente bleift haaptsächlech nach d'Improvisatioun iwwereg.

De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren den Jazz an all sengen Zoustänn, vu senger Urgestalt zu New Orleans bis zum moderne Gewand vu senge villen Derivater, sief et Funk, Groove, Hip-Hop, Electro, Post-Rock oder World Music.

What's that sample?

Zanter der Gebuertsstonn vum Hip-Hop an de fréie 1970er Joren ass et Usus, kleng Deeler aus bestoenden Opnamen ze samplen als Basis fir en neie Song. Dacks kann dat och just ee Motiv oder een Takt Groove sinn, deen als Loop benotzt gëtt, fir datt de Rapper säin Text kann driwwer interpretéieren. D'Material kënnt gréisstendeels vu Funk- a Soul-Placken, mee och dacks vun illusteren Jazz-Alben. De Pit Dahm an de Pol Belardi picken e puer vun hire Lieblingsbeispiller eraus a vergläichen den Original mam doraus entstanene Wierk. Um Rendez-vous: J. Dilla vs. Miles Davis, The Roots vs. Bucky Pizzarelli, Dr. Dre vs. David McCallum an nach vill méi ...

Rezent Emissiounen

  • Holland

    E puer jonk a manner jonk Talenter, déi souguer deelweis zesummen op der hollännescher Jazzbühn stinn.

  • Tribute Show

    Jazzmuseker fir Jazzmuseker mat Musek vun ënner anerem Donald Byrd, Charles Mingus oder Stevie Wonder

  • Beam - Flight Dream

    Deen neien CD vum jonken, opreegende Quartett, entstanen aus enger Zesummenaarbecht vun zwee lëtzebuergeschen an zwee israelesche Museker.

  • Jazzin' Around

    Elektronësch Sound am Jazz? Hautdesdaags quasi eng Normalitéit.

  • Traditional Jazz och nach haut?

    Wat dreift eng Band dozou, haut nach Jazz am Sënn vun der Traditioun ze spillen? Fakt ass, dass et nach ëmmer jonk Museker ginn, déi dat op eng meeschterhaft Aart a Weis ausféieren an hier Plaz an der aktueller Jazzlandschaft hunn. 

  • LOVE

    Léift ...en éiwegt Thema an der Konscht a wahrscheinlech ee vun deene gréissten Impulser, déi een Artist dozou dreift, kreativ ze sinn.

  • Solo Piano

    D'Kinneksdisziplin vum Jazz nieft dem Trio. Réckbléck op déi lescht honnert Joer mat Musek vun ënner anerem Art Tatum, Lennie Tristano oder nach Keith Jarrett.

  • BADBADNOTGOOD

    De kanadesche Kollektiv rëselt déi musikalesch Welt duerchernee mat engem opreegende Mix aus Jazz a Groove, gefiddert mat villen Hip-Hop Elementer.

  • What's that sample?

    Loops a Grooves ginn dacks aus gesampeltem Material vu bestoenden Opname gemaach: J. Dilla vs. Miles Davis, The Roots vs. Bucky Pizzarelli, ...

  • Neies an Ales zesummen

    Dat ass näischt Neits. Vermësche vu verschiddene Stiler ass net nëmmen haut a Moud. Musek vu Fréier an Haut, déi vun esou Mëschunge lieft. 
     

     

  • Jazzin' Around...déi éischt!

    An der Pilot-Episod vun dëser neier Serie Ronn em den Jazz présentéiert de Pit Dahm an de Pol Belardi hier Coup de Coeur'en vum Summer 2018.

Programm

Dossieren

  • Leipziger Buchmesse 2019

    D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren dëst Joer fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse. All hier Artikelen a Bäitrag zum Thema fannt Dir hei.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche pour ses rédactions un(e) journaliste

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen