Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

De Christoph König, Chefdirigent vun den Solistes Européens

Déi nei Saison

Et gëtt nees vill Spannendes an der neier Saison vun de Solistes Européens, Luxembourg. De Chefdirigent Christoph König huet fir all Concert eng Thematik fonnt, e roude Fuedem tëschent de Stécker. D'Joer 2019 gëtt e Jubiläumsjoer fir d'Solistes Européens, déi hiren 30. Anniversaire feieren. De Generaldirekter Eugène Prim an de Chefdirigent Christoph König si live am Studio am Gespréich mam Guy Engels.

Rezent Emissiounen

  • De Quatuor du Luxembourg invitéiert op Wien

    Bei sengem Concert apéritif proposéiert den Ensembel Musek vun den dräi éisträichesche Komponisten Haydn, Mozart a Kreisler.

  • Bartók a Bruckner mam Simon Rattle

    Zesumme mam London Symphony Orchestra trëtt den Dirigent an der Philharmonie op.
     

  • En Silence

    Den Oscargewënner Alexandre Desplat an d'Sorley schwätzen iwwer d'Uropféierung vun hirer Oper am Groussen Theater.

  • E bedeitende Komponist fir den Cello

    Haut, virun 276 Joer, gouf de Luigi Boccherini gebuer.

  • Alex Potter

    Am Kader vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette trëtt de Countertenor zu Luerenzweiler an der Kierch op.

  • Eng nei Aufgab mat 80 Joer

    Haut ass de Gebuertsdag vum Dirigent Marek Janowksi, deen elo mat 80 Joer nach emol Chefdirigent gëtt.

  • Stuesend um Fued

    Am Stued Theater proposéiert de Georges Urwald al lëtzebuergesch Fueslidder. Um Piano vum radio 100,7 gëtt hie well e klengen Abléck.

  • Zwee Joresdeeg an Engem

    De 15. Februar ass souwuel de Gebuertsdag, wéi och de Doudesdag vum Komponist Michael Praetorius

  • Yann Tiersen

    De Komponist vun der Filmmusek vu "Le Fabuleux Destin d'Amélie Poulain" trëtt an der Philharmonie op.

  • Eng Carrière an homeopatheschen Dosen

    D'Sopranistin Anja Harteros als Solistin beim Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg

  • Kanner treffen eng Harfenistin

    Schüler aus der Europaschoul am Gespréich mat der Anaïs Gaudemard

  • Lescht Statioun: Venedeg

    Virun 136 Joer stierft de Richard Wagner an enger Stad, an där hie méi wéi eng Kéier Inspiratioun fonnt huet.

  • E Podium fir jonk Talenter

    Concert mat Laureaten aus de Lëtzebuerger Conservatoiren am Stater Conservatoire (15.2.2019)

  • Eng nei Erausfuerderung

    De Benedikt Fohr, Manager vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern geet op Hong Kong.

  • 30 Joer International Percussion Competition Luxembourg

    1989 war déi éischt Editioun vum Concours, dee verschidde Laureaten zu enger Carrière verhollef huet.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen