KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

Mel (Mélanie Hélène) Bonis em 1875, Zäitgenëssin vum Louise Farrenc

Der Louise Farrenc hir Zäitgenëssinnen

D'Louise Farrenc war eng vun deene Komponistinnen, déi sech am 19. Joerhonnert a Frankräich duerchgesat hunn.  D'Komponéieren war en Domaine vun de Männer an nëmme wéineg Damme konnten sech duerchsetzen. Wie waren dës Fraen, déi nieft der Louise Farrenc Unerkennung kruten? Äntwerte mam Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen