Blue Note

Manuel Ribeiro

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Francisco Sassetti vun der Philharmonie (c) Pippa Herbert

Jazz @ Philharmonie

Fir den Jazz huet d'Philharmonie zwee Zykle virgesinn. Den Jazz@beyond mat senge fënnef Concerten ass am groussen Auditoire, wärend den intimisteschen Zyklus Jazz Club am Kammermusekssall mat sechs Concerte programméiert ass. Mee och an aner Concertsserien ass Jazz an esouguer World-Jazz ze fannen. De Francisco Sassetti vun der Philharmonie huet dem Manuel Ribeiro op Froe geäntwert.

De Fred Medernach verréit eis säin CD-Tipp, den neien Album vum Madeleine Peyroux.

Vill Jazz an den nächste Wochen och an eisem Agenda.

 

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen